Règlement

 

Esou funktionéiert de Club EIST HEEM...

Mat de folgende Reegelen, wëlle mir alle Bedeelegten e gudden Oflaf vun eisen Aktivitéiten erméiglechen. Merci fir Äert Versteesdemech am Viraus.

 

  • Dir huelt op Är eege Verantwortung un eisen Aktivitéiten deel.
  • All Persounen vu 45 Joer un kënnen un eisem Programm deelhuelen, onofhängeg wou Dir wunnt.
  • Är Umeldungen si verbindlech, wann Dir Iech per Mail, Telefon oder am Club selwer ugemellt hutt. Mellt Dir Iech per Mail oder Repondeur un, sidd Dir fest ugemellt, wa mir Iech dëst confirméiert hunn. Mat Ärer Umeldung zu enger Aktivitéit erkläert Dir Iech mat de jeeweilegen Konditiounen (Inhalt / Präis) averstane. Mellt Iech aus organisatoresche Grënn w.e.g. bei all Aktivitéit un.
  • Fir extern organiséiert Aktivitéiten iwwer 10 € kritt Dir eng Facture zougeschéckt. Dir kënnt dës per Virement oder bor bezuelen.
  • Bei allen Aktivitéiten waarde mir max. 10 Minutten iwwert d’festgeluechten Zäit op d’Participant’en, déi ugemellt sinn.
  • Ass fir eng Aktivitéit keng Plaz méi, setze mir Iech op eng Waardelëscht a mellen eis am Fall, wann erëm eng Plaz fräi gëtt.
  • Sidd Dir verhënnert, un enger ugemellter Aktivitéit deelzehuelen, sot eis w.e.g. esou séier wéi méiglech of. Domat huet eng aner Persoun evtl. d’Méiglechkeet nozeréckelen.
  • Falls eis duerch Är Ofmeldung Onkäschten entstinn, kënne mir d’Käschten net zeréckerstatten. Mir versichen, en Ersatz ze fannen, kënnen dëst awer net garantéieren.
  • Bei entspriechenden Ëmstänn behale mir eis fir, de Programm ze änneren an unzepassen. De Club behält sech d’Recht, Aktivitéiten ofzesoen oder ze verréckelen (mangels Umeldungen, Krankheetsfall, Wieder etc.) Bei Aktivitéiten déi de Club selwer ofseet, ginn 100% zeréckbezuelt.
  • Fir d’Umëllung froe mir aus organisatoresche a statistesche Grënn no perséinleche Donnéeën. Mir assuréieren, domat vertraulech ëmzegoen an Är Donnéeën nëmmen op d’Aktivitéit bezunn, u Reesveranstalter, Hotel, Sécherheetskontrollen etc. virun ze ginn. Mat Ärer Umëllung erkläert Dir Iech domat averstanen.
  • Bei eisen Aktivitéiten gi Fotoen zu Publikatiounszwecker gemaach. Wëllt Dir net op enger Foto drop sinn, deelt eis dëst mat, soss gi mir vun Ärem Averständnis aus.
  • Wann sech bei enger Persoun e gesondheetleche Risiko manifestéiert, huet d’Personal d’Flicht, eng Ambulanz ze consultéieren.



Voici le fonctionnement du Club EIST HEEM...

Avec les règles suivantes, nous voulons offrir à vous, nos bénéficiaires, un bon fonctionnement de nos activités.

 Vous participez à nos activités sous votre propre responsabilité.

  • Toutes les personnes ayant au moins 45 ans peuvent s'inscrire et participer au programme, indépendamment du lieu où vous habitez.
  • Vos inscriptions sont bien traitées, quand vous vous inscrivez vous-même soit par e-mail ou téléphone ou lors d'une activité au club. Si vous inscrivez par e-mail ou message téléphonique, vous êtes bien inscrit quand nous vous le confirmons.
  • Avec votre inscription à une activité vous déclarez avoir compris les respectives conditions (à propos du contenu / prix..., etc.).
  • Par des raisons d'organisations, s.v.p., veuillez vous inscrire pour chaque activité.
  • Pour les activités extérieures (de sortie, excursions...), au dessus de 10 €, vous recevez une facture dans votre boîte postale. Vous pouvez ensuite règler le payement par virement bancaire ou en espèces au club.
  • Pendant chaque activité, nous attendons les participants 10 minutes maximum de plus par rapport à l'heure de départ fixée.
  • S'il n'y a plus de place pour une activité, nous vous notons sur une liste d'attente et nous vous contactons dans le cas où une place dévient disponible.
  • En cas d'empêchement de participer à une activité, s.v.p., tenez nous au courant dans le plus bref délai. De cette manière, vous donner à une autre personne la possibilité s'inscrire à votre place éventuellement.
  • En cas de fraits supplémentaires, suite à une désinscription, nous ne pouvons pas les vous rembourser. Toutefois, nous essayons de trouver une solution mais, nous ne pouvons en garantir.
  • En cas de besoin, nous nous réservons le droit de changer et/ou d'adapter le programme. Le club se réserve le droit d'annuler et/ou d'ajourner une activité (en cas de manque d'inscription, de maladie, de conditions météorologiques, etc.). Pour les activités annulées par le club, nous vous remboursons 100% du prix d'inscription.
  • Lors de nos activités nos prenons de photos visées à des publications (programme d'activités, site internet, etc.). Si vous n'êtes pas d'accord avec ceci, veuillez s.v.p. le communiquer à un membre du personnel.

 Merci pour votre compréhension!