D'Ënnerstëtzung fir Aere Browser gët no a no ofgebaut.
Fir all d'Funktioune vun dëser Websäit optimal notzen ze kënnen, recommandéiert EducDesign Iech déi aktuellste Versioun vun dëse Browser ze benotzen.

FireFox Chrome Internet Explorer
Close
www.eistheem.lu: Page d'accueil

Wëllkomm, Bienvenue, Willkommen


Léif Leit,

Dir halt hei dat lescht Programmheft vun dëser Saison an den Hänn, mat ville flotten Aktivitéiten! Grad elo wann et dobausse richteg kal ass, gëtt et bei eis am Club geselleg. Kommt bis laanscht an de Stamminet fir e puer flott geselleg Stonnen ze erliewen!

De Club EIST HEEM 2011, dat war e Joer voller interessanten Aktivitéiten!
Mir wënschen all eise Client’en eng ganz schéin Adventszäit an uschléissend schéi Feierdeeg!

Et ass elo fir mech un der Zäit Iech all „Äddi“ ze soen. No 10 Joer als Chargé de direction vum Club EIST HEEM ass meng Missioun erfëllt an ech blécken zefridden op 10 Joer Clubliewen zeréck a wéilt dës schéin Zäit net mëssen!
Et ass eng Beräicherung Iech all kenne geléiert ze hunn, a fir all déi Erfahrungen, an dat Vertrauen dat Dir mir geschenkt hutt soen ech Iech op dësem Wee Merci.

Mäi weidere berufleche Wee wäerd och fir d’Zukunft am Beräich vum 3. Alter sinn, wou ech mech op eng nei Erausfuerderung freeën. Da bleift mir elo nach just mengem Team a mengem Nofolger all Guddes fir d’Zukunft ze wënschen, an Iech all nëmmen dat Bescht, an eng gutt Gesondheet fir d’Joer 2012!


Petra Vandenbosch

D'Clubteam wenscht dem Petra alles Gudds fir Zukunft, an vill Erfolleg op der neier Arbescht!
Mir werten dech vermessen!!!!
Marlene Mersch, Nadine Glod an Christiane Stocklausen


Reesreportage: Vu Santiago de Chile-Cap Horn-op Buenos Aires

Méindeg, 30. Januar 2012

Wann? um 19.00 Auer am Club
Präis: gratis
Info: fir de klengen Honger ass gesuergt
Umellen: um 36 55 73 bis den 23 Januar 2012


De Club EIST HEEM presentéiert en interessante Film,- Reesreportage, an Zesummenaarbescht mat der "fédération luxembourgeoise des photographes amateurs". Den Här Perrard Jos weist eis op senger Rees déi vill Gesiichter vu Südamerika, ënnermolt mat passender Stereomusék. Hie beschreift a senge Live-Kommentaren déi herrlech Géigenden, déi eemolg Naturschéinheeten asw.
Dës Reportage féiert eis op Santiago, wou en Drëttel vun de Chilenen wunnt a sech dat politescht a kulturellt Liewen ofspillt, iwwer Valparaiso, wat sech iwwer 42 Bierger ausbreet bis hin zu Vina del Mar, wat am Summer vun Dausende vun Touriste wéinst senger Plage besicht gëtt.
No engem Ofstiecher op Mendoza (Argentinien) geet et mat enger Kreuzfahrt weider mat der Rees an e.a. d'Hafenstaat Puerto Montt, Ushuaia, Patagonien (südlechst enn vun der Welt mat Nationalparken, Séien, Schnéibierger) a Puerto Madryn, en Déiereparadies op der Insel Valdés.
Zum Schluss geet et nach op Montevideo, d'Haaptstad vun Uruguay an op Buenos Aires (das "Paris Südamerikas") d'Haaptstad vum Tango.



Projection d'un film-reportage sur le thème suivant: Santiago de Chile-Cap Horn-Buenos Aires par le conférencier Perard Jos, membre de la fédération luxembourgeoise des photographes amateurs.





Umellung / Inscription: 36 55 73
contact@eistheem.lu

Adresse :


Club Eist Heem
54, rue Oscar Romero
L-3321 BERCHEM
TEL. 36 55 73
FAX. 26 36 07 29
contact@eistheem.lu


Highlights :